Buergbrennen 2020
Den 1. März 2020 wor d'Buergbrennen zu Dickweiler.
Den Noé Lamborelle an den Tom Reuland hunn Déi Dickweiler den Dag vum Buergbrennen den 1. März 2020 erem mat der Kamera begleet, eraus komm ass e flotten Film deen der Iech hei kënnt ukucken! Nach emol e Merci un déi Zwee fir dëse flotte Video!
E Merci och un jiddereen deen beim Opriichten gehollef huet, an mir sinn stolz, dass eis Buerg, trotz deem staarken Wand, gebrannt huet! E Merci och un all déi Leit déi fir d'Verfleegung vun der Ekipp gesuergt hunn!
Generalversammlung 2020
Dickweiler, den 8. Januar 2020

Déi Dickweiler hunn hir Generalversammlung den 8. Januar 2020 op der Knupp an Présence vum Stéphanie Weydert, Vertriederin vun der Gemeng, ofgehale. No der Versammlung gouf et nach en Iessen fir d'Memberen, an et sinn nei Poloen an T-Shirts verdeelt gin.
Folgend Aktivitéiten fir 2020 sinn geplangt:
1. Mäerz: Buergbrennen mat Iessen owes op der Knupp
27. Juni : Duerffest
Des weideren sinn geplangt: Kiermesiessen, Kleeschen an Ausfluch op e Chrëschtmaart.
75 Joer Ardennenoffensive
Dickweiler vor 75 Jahren, eine schwere Zeit für das Dorf und die gesamte Gegend

Seit der Landung der Alliirten am 6.Juni 1944 wurden die deutschen Truppen immer weiter Ostwärts gedrengt und bis hinter den Westwall zurück geworfen… in der Zeit zwichen Juli bis September drängten sich zahllose Fahrzeugkolonnen, Panzer und Infanterie durch unsere Gegend um über die Sauer “Heim ins Reich” zu gelangen… die Bevölkerung wartete ungeduldig auf die Amerikaner und hoffte, dass diese schnellst möglichst kommen würden, über die Sauer setzten und so den Krieg nach Deutschland bringen würden…. Alles kam jedoch anders, wie sich später herausstellte…
Dieser Artikel wurde von Georges Schmit verfasst.
Buergbrennen 2019
Den 10. März 2019 wor d'Buergbrennen zu Dickweiler.
Den Noé Lamborelle an den Tom Reuland hunn Déi Dickweiler den Dag vum Buergbrennen den 10. März 2019 mat der Kamera begleet, eraus komm ass e flotten Film deen der Iech hei kënnt ukucken! Nach emol e Merci un déi Zwee fir dës flott Initiative!
E Merci och un jiddereen deen beim Opriichten gehollef huet, d'Wiederkonditiounen waren jo wierklech net déi Bescht, an mir sinn stolz, dass eis Buerg, trotz deem staarken Wand, gebrannt huet! E Merci och un all déi Leit déi fir d'Verfleegung vun der Ekipp gesuergt hunn!
Duerffest 2020

Gin Bar
Hausmacher Fritten - Currywurscht
Sprangschlass
20h00
Concert mat der Rousperter Musik
Duerno
Musek mat DJ
Tombola
Eis Aktivitéiten
Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen doran besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.
Mir organiséieren all Joers en Duerffest Enn Juni zu Dickweiler. Op eisem Duerffest proposéieren mir Iech e Concert vun der Rousperter Musek oder vun der Uesweiller Musek. Desweideren begleet D'Jocky Band Iech duerch den Owend an suergt fir Danz a Musek. Niewend eiser traditioneller Grillbud an onsem Gedrënksstand hun mir och seit 2017 eng Gin Bar mat verschidden Gin-Tonic Sorten am Programm! Fir weider Ofwiesslung suergen eng grouss Tombola an e Sprangschlass fir d'Kanner.
Mir spillen och mol eng Partie Petanque op eiser Pist op der Duerfplaz, oder eng Partie Kubb, oder maachen e flotte Barbecue.
Auf den Spuren eines US Soldaten
Am 27. August 2018 fand ein Besuch von historischem Hintergrund in Dickweiler statt. Katey Cannington Mishler aus Tennesse (USA) wollte einem guten Freund der Familie einen großen Wunsch erfüllen.

James Younger zusammen mit seiner Frau aus Tennesse, der Sohn von Captain Yames Younger 4th Infanterie Division der während der Ardennenoffensive 1944/45 im Raum Dickweiler und Osweiler eingesetzt war.
Herr Younger wollte den Weg seines Vaters durch Frankreich, Belgien, Luxemburg und Deutschland während des Krieges nachverfolgen und die selben Orte Besuchen an denen sein Vater während der Zeit gewesen war…Der Kontakt kam über die Hompage von “Déi Dickweiler a.s.b.l” zu stande...
Fotoen
Eis Equipe De Comité
Georges Schmit
Président
Jacques Zeimet
Vize-Président
Mike Kremer
Secrétaire
Martine Meyers
Trésorier
Jules Francois-Weydert
Member
Marc Hubert
Member
Romain Muller
Member
Kontakt
Fëllt einfach de Formulaire aus an dréckt op Fortschécken oder maacht en Mail op





